Bei den Inhalt

Fotoe vum Mika Ferreira, Tétange. Ausgeléist mam rietsen Daum.

email@uniquemf.com

Shop

Puer vu menge Biller ginn et och fir mat heem ze huelen: als Drock fir d’Mauer, op enger Taass oder fir den Handy.

Esou leeft eng Bestellung

  1. Du schreifs mir iwwer „Bestellen“. D’Mail ass scho preparéiert; du dréis just d’Unzuel, däin Numm an de Liwwerwee an.
  2. Ech äntweren dir mam Gesamtbetrag mat de Versandkäschten a menger Bankverbindung.
  3. Soubal d’Iwwerweisung do ass, verschécken ech bannent Lëtzebuerg, oder du hëls zu Tétange of. De Wallpaper-Pack kënnt per E-Mail.
  • Versand nëmme bannent Lëtzebuerg. Ofhuelen zu Tétange geet och.
  • All d’Präisser sinn Endpräisser inklusiv TVA.
  • Kee Mailprogramm? Schreif un email@uniquemf.com a nenn de Produit am Betreff.

Verkafsbedingungen a Widderruff

Wat et gëtt

  • A Taste of Happiness

    350 € inkl. TVA

    Dës Foto hänkt och bei menge Wierker. Als Drock kënnt se mat wäissem Rand op Dibond, fäerdeg fir opzehänken.

    • Format 60 × 40 cm, Baussemooss 70 × 50 cm
    • Hahnemühle FineArt Pearl op 3 mm Dibond
    • Aluminiumsschinn fir opzehänken
    • 3 cm wäisse Rand

    Bestellen

  • Phone Flowers Wallpaper · Pack #01

    3 € inkl. TVA

    Meng éischt Sammlung vun Hannergrondbiller fir den Handy: eelef Biller vu Blummen.

    • 11 Biller fir de Smartphone
    • digital, kee Versand
    • per E-Mail bannent 24 Stonnen, nodeems d’Bezuelung ukomm ass

    Bestellen