Bei den Inhalt

Reverse. Zwielef Fotoe vum Mika Ferreira.

Ausgeléist mam rietsen Daum. Opgehaang op Aenhéicht am Sëtzen.

email@uniquemf.com

Reverse. Zwielef Fotoe vum Mika Ferreira.

Ausgeléist mam rietsen Daum. Opgehaang op Aenhéicht am Sëtzen.

Reverse, zwielef Fotoen

  1. E Mann an engem elektresche Rollstull reecht enger Fra, déi sech laachend bei hie béckt, eng Forschett mat Kuch. Um Rollstull stécht en Telefon an engem Support.

    Sweet

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

    Patenschaft: Schëppe Siwen

  2. Eng blond Fra sëtzt laachend um Schouss vun engem Mann am Rollstull, deen eng Ramp eropfiert.

    Trip

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

    Patenschaft: S.A.R. le Grand-Duc

  3. Eng Fra am Rollstull fönt enger laachender Fra an engem orange Buedmantel d'Hoer.

    Beauty

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

    Patenschaft: Monsieur Henri Grethen

  4. Zwee Männer fëllen e Gedrénksautomat op, deen ee steet nieft sengem Rollstull, deen anere knéit tëscht Päck mat Fläschen.

    Refresh

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

    Patenschaft: Sodexo Luxembourg

  5. E Mann am Rollstull moosst mam Stethoskop de Bluttdrock vun enger Fra a grénge Spidolskleeder.

    Rhythm

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  6. Am Gaart: Dräi Fraen un engem Bac mat Planzen, eng hält e roude Prabbeli iwwer déi aner, all laachen.

    Smile

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  7. E Mann am Rollstull hält mat ausgestrecktem Aarm d'Dier vum Lift op, wärend eng Fra telefonéiert an duerch Dokumenter bliedert.

    Busy

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  8. Op enger sonneger Strooss fiert eng Fra an engem elektresche Rollstull nieft engem Vëlosfuerer a dréckt hie mat der Hand no vir.

    Push

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  9. Büro: E Mann an engem geblummelegten Hiem mat enger Aarmschinn béckt sech bei e Kolleeg, deen um Schreifdësch tëscht Pabeiere schreift.

    Intenso

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

    Patenschaft: Wild Solutions & Anchor

  10. Vestiär: Eng Fra an engem elektresche Rollstull hëlleft enger Fra, déi op der Bänk sëtzt, an de Pullover.

    Wear

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  11. Fleegebuedzëmmer: Eng Persoun am Rollstull hält e Stapel Handdicher prett, am Hannergrond duscht e Mann mam Réck zur Kamera.

    Drops

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  12. No um Buedem fotograféiert: Eng Hand reecht eng Roll Toilettëpabeier ënner der Trennwand vun enger Kabinn duerch, dohannert d'Rad vun engem Rollstull.

    Thanks

    Reverse, 2022

    1200 × 1200 mm, Dibond

  13. Zwielef Biller, an deene Mënsche mat an ouni Behënnerung d'Rollen tauschen.

    Bei de Projet Reverse
  • Aenhéicht am Sëtzen. All Bildmëtt läit drop, hei mat 1,25 m gezeechent.
  • Roude Punkt: Patenschaft iwwerholl
1 vun 12

Fotograféiere wollt ech schonn als Kand.

Ech sinn de Michael Ferreira, meng Frënn nenne mech Mika. Wéinst menger Behënnerung hunn ech de Wonsch, ze fotograféieren an ze filmen, laang verdrängt.

2018 hunn ech opgehalen, en ze ignoréieren. No wochelaanger Recherche hat ech e Wee fonnt, meng Kamera ze steieren. Zënterhier fotograféieren ech, vu Landschafte bis bei Portraiten.

Méi iwwer mech

  1. Eng riets Hand op der Aarmstäip vun engem Rollstull, den Daum läit op engem klenge Joystick.
    Nëmme mam rietsen Daum
  2. En Telefon an engem Support um Dësch vum Rollstull, dernieft d'Kamera.
    benotzen ech mäin Telefon
  3. D'Kamera mat Objektiv op engem Kugelkapp, festgemaach um Dësch vum Rollstull.
    a steieren domat d'Kamera.
  1. Aarbechten

    Zéng vun 36

  2. Ënner enger Bréck: Peiler aus Bëton lafen an d'Déift a spigele sech am Floss, vir am Bild en Ufer mat Kisel.

    UMF-00630

  3. Eng Fra mat pinken Hoer steet mam Réck zur Kamera un engem Zonk a kuckt op en Hiwwel am Hierscht.

    UMF01683

  4. Schwaarzwäiss: E Mann kësst de Bauch vun enger schwangerer Fra, op senge Schëllere sëtzt e Meedchen a kësst si, am Géigeliicht hänke Bëbeeskleeder un enger Wäschléngt.

    DSC00444

  5. Eng mof Malvebléi viru floue Luuchten, wann et däischter gëtt.

    UMF01643

  6. Portrait vun enger Fra mat pinken Hoer a Brëll am waarmen Owesliicht.

    UMF01442

  7. Bléck vun engem Quai mat Gras op e Kanal mat engem Schëff, lénks a riets giel Ramplien ënner bloem Himmel.

    UMF-00492

  8. E Mazda MX-5 vun hannen am Däischteren, seng hënnescht Luucht liicht rout.

    UMF00804

  9. Eng Fra an engem geblummelegte Kleed huckt op engem Wee aus Paweesteng a kuckt an d'Kamera.

    DSC00682

  10. E jonke Mann an engem Pullover mat Kaputz leent sech mat gekräizte Bee un eng Sandsteemauer.

    UMF01374

  11. Eng kleng Bamfigur mat engem Kaktus um Kapp viru ronne Liichtpunkten.

    UMF01655

  12. Landschaften, Portraiten, Koppelen a Familljen, Detailer.

    All 36 Aarbechten
  • Aenhéicht am Sëtzen. All Bildmëtt läit drop, hei mat 1,25 m gezeechent.
1 vun 10

Wou d'Biller gehaang hunn

  • 20 Joer DTHCentre Culturel CELO, Hesperange
  • De Kräizbierg wibbeltCity Concorde, Bertrange
  • Lokalkënschtler-AusstellungSchungfabrik, Tétange
  • Charity-Gala vun der Fondation Kräizbierg

All Ausstellungen

Titelbild: D'Gesiicht vun enger Fra mat Brëll am Däischteren, dernieft a rouder, drëpsender Schrëft „Movie Night“.

Movie Night

Kuerzfilm, Lëtzebuerg. No vill Gelaachs a vill Aarbecht sinn ech houfreg op d'Resultat. Fir en éischte Projet ass et zimmlech gutt ginn.

An d'Black Box